arrow_back_ios
Kultur
Nei Filmer
Néng nei Filmer vun haut un an de Lëtzebuerger Kinoen: dat ass dës Woch e klengen Tour ronderëm d'Welt: Mir sinn ënnerwee am kanadesche Yukon, an Island an an Tunesien. Donieft erliewe mer och d'Welt vun de Wikinger an déi vun de Prënzen a Prinzessinnen. Net vergiessen dierfe mer d'Fraen aus der Maison close an d'Pensionnairen, déi als Bop a Bomi eng nei Aufgab kréien.