arrow_back_ios
Kultur
Spuenesch Barockkonscht am MNHA
Däischter Raim, Spott op d'Konscht un de Maueren an a Glasvitrinen: fir hir nei Expo "De Mena, Murillo, Zurbarán" huet d'Ekipp vum Nationalmusée eng kierchenänlech Ambiance gewielt, well déi spuenesch barock Meeschterwierker virun 300 Joer a sakrale Gebailechkeete gewise goufen.
An engem éischte Reportage ass den Direkter vum MNHA mat eis duerch d'Expo gaangen, an engem zweete verréit hien Iech - an dem Kerstin Thalau - méi iwwer d'Hannergrënn vun der Expo.