arrow_back_ios
Kultur
Den Ëmgang mat Katastrophen am Liewen
Den Owend ass am Kapuzinertheater Première vun der neister Produktioun vun de Stater Theateren, "Das Letzte Feuer" vun der däitscher Dramatikerin Dea Loher an enger Mise en scène vun der Anna Elisabeth Frick. E Stéck, an deem et iwwer Katastrophe geet, déi engem am Liewe geschéien, a wéi een domat ëmgeet. Wat kann ee maachen fir dat eegent Schicksal an de Grëff ze kréien. Detailer mam Jean Claude Majerus.