arrow_back_ios
Kultur
Den "red bridge project" mam William Kentridge
Et heescht "Konscht ka Brécke bauen". Zu Lëtzebuerg ass et ënner anerem eng "red bridge". Den "red bridge project" huet dräi Institutiounen - ronderëm déi Rout Bréck - lancéiert: de groussen Theater, d'Philharmonie an de Mudam. An der éischter Editioun hat d'Choreographin an Dänzerin Anne Teresa De Keersmaeker d'Méiglechkeet, déi dräi Lieuen ze bespillen. Vun November 2020 u wäert et de südafrikanesche Kënschtler William Kentridge sinn. Explikatioune Kerstin Thalau.