D'ASTA, d'Administration des services techniques de l'agriculture, geet dovun aus, datt d'Unzuel vu staarke Wiederevenementer an den nächste Joren zouhuele wäert. Dat sot eis den Andrew Ferrone, Direkter vum Meteorologeschen Déngscht vun der ASTA op Nofro hin. Ënner anerem wéinst dem staarke Reen ass et an de leschten Deeg op ville Plazen am Land zu Héichwaasser komm. Souwuel Temperatur wéi och de Nidderschlag wieren an de leschte Méint méi héich gewiescht, wéi d'Moyenne vun de Jore virdrun, sou den Andrew Ferrone am Gespréich mam Rahel Könen.
arrow_back_ios
Aktuelles
Extreem Wiederevenementer huele mam Klimawandel zou
Episoden
Wat ännert mam Handyverbuet an der Grondschoul?
Mir hu bei verschiddenen Acteuren nogefrot.
Groussbritannien steet no 14 Joer virun engem Muechtwiessel
D’Labour-Partei huet d’Parlamentswal mat enger confortabeler absoluter Majoritéit gewonnen

Ried zur Lag vun der Natioun: Wéi solle Mesurë finanzéiert ginn?
Wou sinn d'Léisunge fir d'Aarmutsbekämpfung? Dat sinn d’Froen déi d’Oppositiounsparteie sech gëschter no der Ried vum Premier Luc Frieden zur Lag vun der Natioun gestallt hunn.
D'Commemoratioune fir den 80. Anniversaire vun de Landungen an der Normandie
Déi brittesch Veteranen erënnere sech.
Prozess-Optakt zu Halle: Den AFD-Chef an Thüringen, de Björn Höcke, steet viru Geriicht
Hien kritt ënner anerem virgehäit, NS-Vocabulaire benotzt ze hunn
