arrow_back_ios
Kultur
Filmkritik: Miss Americana vun der Lana Wilson
Museksdocumentairen hunn eng Joerzéngte laang Traditioun. Och Netflix huet sech där Zort Film zougedréit. D'lescht Joer huet de Bob Dylan Documentaire vum Martin Scorsese op seng Manéier mat fantasmagoresche Ligen eng poetesch Wourecht zum Kënschtler ausgedréckt. Mee net just déi al Huese wëssen de Medium fir sech ze benotzen. Mat "Miss Americana" rappt d'Taylor Swift hir eegen Narrativ fest u sech, wéi den Documentaire vun der Lana Wilson weist. Den Tom Dockal huet de Film op der Streaming Plattform gesinn.