arrow_back_ios
Kultur
En Droitsprofesser sammelt witzeg Urteeler
En Droitsprofesser mat engem Faible fir dat Skurrilt. Den Till Zimmermann huet am Studium eng Aarbecht iwwer de Sujet "Töten um zu retten" geschriwwen. A senger Habilitatioun-Thees huet hie sech mat Korruptioun beschäftegt, an dertëschent huet hie mat der Publikatioun vum Buch "Gesichter des Bösen" eng Sammlung vun de schlëmmste Verbriecher am 20. Joerhonnert realiséiert. Elo sammelt den Till Zimmermann witzeg Urteeler. D'Marion Barzen vum SWR war beim Jurist op der Droit-Fakultéit vun der Universitéit Tréier.