Kultur
Toleranz a Frëndschaft an der Roboterwelt
Et gëtt op villen Dierfer hei am Land nieft dem Duerftheater och nach de Scoutstheater, wou meeschtens Stécker fir Kanner gespillt ginn. De Scoutstheater ass awer och dacks eng Zort Sprangbriet fir vill Leit, déi dann och spéider op iergend eng Manéier dem Theater erhale bleiwen. De Weekend hunn d'Suessemer Scouten Theater gespillt. "Lia" ass den Titel vum Stéck, dat déi jonk Studentin Béatrice Lippert selwer geschriwwen an och inzenéiert huet. De Jean Claude Majerus war "Lia" kucken an huet e Stéck erlieft, an deem Toleranz anescht ass oder Frëndschaft op eng besonnesch Manéier verschafft gouf.