Panorama
Panorama
No Virfäll vu Vandalismus an der Stad Lëtzebuerg huet d'Police e présuméierten Täter interceptéiert.
De Parquet gesäit keng Noutwendegkeet fir nieft dem Jugendschutzgesetz, och nach e separat Strofrecht fir Jugendlecher anzeféieren, sou wéi d'Justizminsitesch et ugekënnegt huet.
Iwwert en neit Gesetz soll sech d'Qualitéit vun den Zerwisser an Hebergements-Strukture fir eeler Leit verbesseren.
Den neien Deontologie-Kodex bei der Police ass schonn zanter engem gudde Mount a Kraaft, haut huet de Minister François Bausch den Text offiziell an der zoustänneger Chamberkommissioun presentéiert.
Haut hunn den LCGB, den OGBL an d'Federatioun vun de private Bus-Entreprisen den neie Kollektivvertrag fir dat technescht Personal an d'Buschaufferen an de private Busentreprisen ënnerschriwwen
De Jean-Claude Juncker wär elo Member am Verwaltungsrot vun engem Bréisseler Think-Tank, mellt d'Lëtzebuerger Wort.
Deem leschte Bilan no läit d'Zuel vun den Infektioune mam neie Coronavirus a China bei 7.830. 170 Mënsche sinn un der Longekrankheet gestuerwen.
A Frankräich huet d'Parlament am Nomëtteg e Gesetz géint d'Verschwendung a fir eng Kreeslafwirtschaft gestëmmt.
D'Europaparlament fuerdert eng europawäit Norm fir Opluedegeräter vun Handyen an anere mobillen Elektroapparaten.