Panorama
Panorama
Den Text iwwert d'Jugendstrofgesetz, dat soll getrennt vum Jugendschutz entstoen, gëtt elo prioritär ausgeschafft, seet d'Justizministesch Sam Tanson.
D'Doktesch-Gewerkschaft AMMD fuerdert e legale Statut fir Doktesch-Gesellschaften, déi zesumme mat Spideeler kéinten ambulant Strukture bedreiwen.
D'Patientevertriedung kritiséiert déi annoncéiert Changementer beim Zerwiss Adapto.
D'Journalisten-Associatioun ALJP reagéiert op de Bréif vum Groussherzog Henri iwwert d'Reprochen déi an der Presse géint seng Fra formuléiert goufen.
Tensiounen am Gemengerot zu Wäisswampech.
Am Kader vun der Wirtschaftsmissioun an d'arabesch Emirater waren den Ierfgroussherzog an d'Delegatioun haut op de Chantier vum Lëtzebuerger Pavillon kucken, wéi d'Aarbechten viru ginn.
D'Zuel vun den neien Infektioune mam Coronavirus a China klëmmt weider. Vertrieder vun der Weltgesondheetsorganisatioun komme muer fir eng weider Krisesëtzung zesummen.
D'Europaparlament stëmmt iwwert de Brexit-Accord of.