Kultur
Tehorah - jüddesch Lidder am Escher Theater
Den 27. Januar gouf vun de Vereenten Natiounen zum Internationalen Dag vun der Erënnerung un d'Affer vum Holocaust deklaréiert. Och zu Lëtzebuerg sinn eng ganz Rei Manifestatiounen an deem Kader organiséiert. Den Escher Theater invitéiert zesumme mat MemoShoah Lëtzebuerg, dem Nationale Resistenzmusée an der Stad Esch op e ganz besonneschen Owend, den nächste Méindeg. Déi däitsch-Lëtzebuergesch Kënschtlerin Adrienne Haan kënnt mat engem musikalesche Programm an den Escher Theater. D'Valerija Berdii huet mat der Kënschtlerin iwwer "Tehorah" geschwat an och mam Member vum Verwaltungsrot vu MemoShoah, dem Jim Goerres.