Panorama
Panorama
All d'politesch Parteie wiere sech prinzipiell eens, datt de Klimaschutz an der geplangter Verfassung soll verankert ginn. Dat seet déi gréng Fraktiounscheffin Josée Lorschée. D'Detailer sinn den Ament awer nach onkloer.
Lëtzebuerg ka säin Zil vun 11 Prozent Undeel un erneierbaren Energië bis 2020 erreechen, seet den Energieminister Claude Turmes
Well et soss keng adequat Struktur fir hie gouf, gouf e Mannerjäregen an de Prisong op Schraasseg bruecht, mellt haut de Parquet
Am Kontext vun de Luanda-Leaks-Revelatioune kritiséiert de Woxx-Journalist Luc Caregari, datt Lëtzebuerg et mat méiglech gemaach hätt, Räichtum vun Angola an d'Ausland ze schafen
Am Kampf géint eng weider Verbreedung vun deem neie Coronavirus a China gëllen an der Regioun ronderëm d'Stad Wuhan elo strikt Beweegungsrestriktioune fir méi wéi 40 Millioune Mënschen
D'EU-Kommissiounspresidentin Ursula von der Leyen an de Conseilspresident Charles Michel hunn de Moien de Brexitaccord mat London ënnerschriwwen. Elo kann e vum Europaparlament ratifizéiert ginn.