arrow_back_ios
Kultur
The Farewell: d'Abschidsfest
Traditiounen an den Doud sinn zwee wichteg Sujete bei de Filmer, déi an der Woch vum 20. Januar an eise Kinoen ulafen. Bei "Just Mercy" gëtt déi wouer Geschicht vun engem schwaarzen Affekot erzielt, deen am US-Staat Alabama versicht, Prozesser vu Schwaarzen, déi onschëlleg zum Doud verurteelt goufen, nei opzerullen. Wéi Justiz, Populatioun a Geeschter op de Maya-Genozid am Guatemala reagéieren, thematiséiert d'Fiktioun "La Llorona". An ëm wat et bei "The Farewell" geet, verréit d'Kerstin Thalau.