Panorama
Panorama
Jugendschutz a Jugendstrofrecht sollen am Gesetz méi kloer getrennt ginn, war et de Mueren de Konsens an den zoustännege Chamberkommissiounen
ArcelorMittal soll bis Juli méi Informatiounen iwwer déi illegal Wierksdeponie um Crassier zu Déifferdeng liwweren, fuerdert d'Ëmweltministesch Carole Dieschbourg
Den LSAP-Deputéierte Mars Di Bartolomeo ass nom Depart vum Alex Bodry neie President vun der Chamber-Institutiounekommissioun
Nom Doud vum DP-Fraktiounschef Eugène Berger goufen all d'Chamberssitzunge fir dës Woch annuléiert
D'Zuel vun den Doudesaffer duerch den neie Coronavirus a China ass an Tëschenzäit op 17 geklommen
Den US-President dreet mat héije Stroftaxen op europäeschen Importer, wann net séier en neien Handelsaccord tëschent Washington an der EU um Dësch läit
De brittesche Komiker a fréiere Member vu Monthy Python, Terry Jones, ass am Alter vu 77 Joer gestuerwen