D'Nibelungen-Festpiller zu Worms hunn hir Originnen an de Joren 1937-39 wärend der Zäit vun Nazi-Däitschland, wou exklusiv dem Hebbel säin Drama "Die Nibelungen" gewise gouf. An de 1950er Joren gouf et e kuerzen Revival vun de Festspiller, wat awer näischt gouf. 2002 gouf en neien Depart zu Worms geholl, an d'Nibelungen-Festspiller hu sech bis haut zu engem dach renomméierte Festival entwéckelt. Wou se och an all de Joren nei Varianten vum Heldenepos ronderëm de Siegfried an den Hunnekinnek Etzel erzielen. Och fir d'Editioun 2020 proposéiert Worms nees eng nei Variatioun, an zwar sti staark Fraefiguren am Mëttelpunkt. Detailer mam Jean Claude Majerus.
arrow_back_ios
Kultur
E Kinneginnendrama dëst Joer zu Worms
Episoden
E ganz familiäre Concert
Kammermuseksconcert an der Philharmonie mat fënnef Museker, déi sech all ganz gutt kennen, deels zanter méi wéi 20 Joer.
Los Bitchos um Out of The Crowd Festival
4 Fraen aus verschiddenen Ecker vun der Welt, déi sech zu London zesummefonnt hu fir ganz eklekteschen a psychedelesche Rock ze maachen.
Waffle Killers: Punk mat Live-Energie um Out of the Crowd
Um Out of the Crowd Festival beglécken och ëmmer eng Koppel local Bands d’Bün vun der Kulturfabrik. Dëst Joer sinn dat déi jonk Punk-Band Waffle Killers, an d’Hardcore Band.
“Ech sinn der Unbekannte Bekannte”
Den Anselme Pau huet een neien Album mat Filmmusek erausbruecht: "Hidden Scores"
Black Mirror
Mëttlerweil ass déi siwent Staffel vun der Serie op Netflix ze gesinn.

Cinder Well: Folkmusek aus Kalifornien
Déi amerikanesch Singer-Songwriterin Amelia Baker am Interview

Esch am Saxo-Sound
Den éischte Saxofonsfestival zu Lëtzebuerg - wéi ass et gelaf?

"Toronto" vun der Elisabeth Benoit
Ee Roman iwwer de Fall Johnny-Depp-Amber-Heard

"Prima Facie" am Théâtre du Centaure
Am Gespréich mat der Metteuse en scène Marja-Leena Junker an der Schauspillerin Céline Camara

"D'Chance säin eegent Land ze representéieren"
De Bouwechouer vum Stater Conservatoire ass aktuell op Concertstournée a Japan - wéi et leeft, verroden zwee vun de Jongen an den Dirigent Pit Nimax.

D'Coup de coeure vun der Militärmusek
Enn Mäerz hu sech d'Lëtzebuerger Militärmusek, hiren Dirigent a Lieutenant Col. Jean-Claude Braun an een externt Team getraff, fir en neien Album opzehuelen.

LiteraTour
D'Fest vum Buch an der Gemeng Beetebuerg fänkt Ouschterméindeg un.

Guy Rewenig - Goss
De Roman, dee bei Guy Binsfeld publizéiert gouf, ass fir de Servais-Präis 2025 nominéiert.

Interview mam Wang Bing
E Gespréich mam chineeseschen Dokumentarist Wang Bing iwwer seng Youth-Trilogie

Net nëmme Bayreuth an New York, och Lëtzebuerg ass an hirem Agenda
Zwou Premièrë fir d'Edith Haller: éischten Optrëtt mat engem Jugendorchester an éischte Concert zu Lëtzebuerg

Festival du Livre zu Paräis
De Weekend war zu Paräis de Festival du Livre, déi gréisste Bicherfoire am Hexagon. Eise Paräisser Korrespondent Max Tholl war de Samschdeg um Festival ënnerwee an ass hei och engem Lëtzebuerger Literat begéint.

Um Radar: ënner der Woch
Den Nicolas Calmes aktivéiert säi Radar a faasst zesummen, wat dës Woch kulturell lass ass am Ländchen.
