Kultur
Dem Roland Quetsch säi Wierk
Dem Roland Quetsch seng Konscht ass vläicht op den éischte Bléck net onbedéngt déi zougänglechst. Mee wie sech einfach op seng Sënner aléisst, kann a senger abstrakter Molerei sécher eppes empfannen. Am Fong besteet säi Wierk haaptsächlech aus faarwege Modullen. Mee genee aus dëser Simplicitéit weess de Roland Quetsch vill ze maachen. Dem Roland Quetsch seng Aarbecht ass nach bis de 15. Februar an der Galerie Ceysson et Bénitière um Wandhaff ze gesinn. De 25. Januar gëtt et iwweregens eng guidéiert Visitt um 11 Auer, bei där ee sech am beschte virdrun telefonesch umellt.
D'Lara Bousch huet sech mam Lëtzebuerger Kënschtler Roland Quetsch getraff.