Kultur
De sowjetesche Cineast Sergueï Eisenstein als totale Kënschtler
De sowjetesche Realisateur Sergueï Eisenstein war tëschent den zwee Weltkricher ee vun de grousse Pionéier vun der Filmkonscht. "La Grève", "Le Cuirassé Potemkine", "Octobre", "Qué Viva Mexico", dat sinn e puer vun de Meeschterwierker, déi den Eisenstein tëschent 1924 an 1946 gedréit huet. Am Centre Pompidou zu Metz ass nach wärend engem gudde Mount eng Ausstellung ze gesinn, déi sech mam grousse Cineast a Filmtheoretiker auserneesetzt: "L'Oeil extatique. Sergueï Eisenstein, cinéaste à la croisée des arts". De Michel Delage huet sech mat der Ada Ackerman, Co-Kuratorin vun där Expo ënnerhalen.