Konferenzen
La Marche des Femmes de 1919 à 2019 au Luxembourg
© Berthe Lutgen: "La Marche des Femmes", Extrait aus engem Konschtwierk vun zéng Panneauen
Dëse ForumZ, organiséiert vum C²DH vun der Uni Lëtzebuerg, huet d'Theema vun der Emanzipatioun an d'Vertriedung vu Fraen zu Lëtzebuerg vun 1919 bis 2019 behandelt. Niewent interaktiven Ateliere gouf a kuerze Beiträg, de kritesche Bléck vun enger Rei Intervenante ronderëm d'Emanzipatioun an d'Vertriedung vu Fraen zu Lëtzebuerg vun 1919 bis 2019 thematiséiert.
"De Bléck vun der Jugend" - d'Studente Ben a Jil iwwer ee Film, realiséiert zesumme mam Enseignant Gianni Mersch vun der Optioun Uelzechtkanal am Lycée de Garçons Esch, kuerz LGL
"Hindernisse für Mädchen auf dem Weg zur Hochschulbildung" - Germaine Goetzinger, Historikerin
"Die letzten Etappen bis zur Einführung des allgemeinen Wahlrechts 1919" - Renée Wagener, Historikerin a Kommissärin vun der Ausstellung, 100 Joer allgemengt Wahlrecht
"Les femmes aux urnes! Et après? Un droit sans réelles conséquences sociétales? (1919-1965)" - Régis Moes, Historiker, Conservateuram MNHA a Kommissär vun der Ausstellung, 100 Joer allgemengt Wahlrecht
"L'accès des femmes au monde judiciaire luxembourgeois" - Simone Flammang, Premier avocat général um Parquet général
"Du MLF au CID-Femmes ... Tout est-il acquis aujourd'hui?" - Isabelle Schmoetten, Responsabel vun de soziopolitesche Projeten am CID-Fraen an Gender.
Moderatioun: Martine Richard, Fuerschungs Assistentin am C²DH, Uni Lëtzebuerg.
Opgeholl den 10. Oktober 2019 am Nationalmusée fir Geschicht a Konscht (MNHA) a verschafft vum Carlo Link.
Ausstellung am MNHA: "Wiele wat mir sinn" - 100 Joer allgemengt Wahlrecht zu Lëtzebuerg: https://wielewatmirsinn.lu
Link zum ForumZ vum 10.10.2019: https://www.c2dh.uni.lu/de/forum-z/la-marche-des-femmes-de-1919-2019-au-luxembourg