arrow_back_ios
Kultur
Filmtipp La Gomera - The Whistlers
De 15. Januar sinn nees nei Filmer an eise Kinoen ugelaf: zum Beispill de Biopic "Judy", an deem d'Actrice Renée Zellweger d'Ikon Judy Garland interpretéiert, oder dem Belsch Fabrice Du Welz säi Coming-of-age-Thriller "Adoration", deen an der grandioser Kuliss vun den Ardenne spillt. D'Kerstin Thalau huet de rumänesche Film "La Gomera" am meeschten iwwerzeegt.