Panorama
Panorama
Um Crassier zu Déifferdeng géif de Stol-Konzern ArcelorMittal zanter Joren eng net autoriséiert Deponie fir gëfteg Offäll bedreiwen, sou den digitale Magazin reporter.lu
De Rechnungshaff huet Onreegelméissegkeete bei de Walkampf-Depensë vun der Piratepartei festgestallt, d'Parlament huet de Rapport vun der Cours des Comptes un de Parquet weider geleet
Sträit wéinst dem Christian Schleck senger Versetzung geet weider, de Syndicat vun der Force Publique fuerdert weider de Récktrëtt vum Chef d'Etat major Alain Duschène
2020 gëtt et wichtegt Joer fir d'Biodiversitéit, esou d'Organisatioun "Natur an Ëmwelt" bei hirem Neijoerschpatt
EU-Kommissiounspresidentin Ursula von der Leyen huet d'Lëtzebuerger Regierung bei hirer Visitt gëscht als staarke Partner vun der Kommissioun an de gemeinsamen Ziler gelueft
An am Handelssträit tëscht den USA a China hunn d'USA ee vun den Haaptvirwerf zeréckgezunn, China wier elo kee Land méi, wat seng Wärung géif manipuléieren
Regierungskritesch Protester am Iran gi virun, iranesch Autoritéiten dementéieren, dass si Gewalt a Waffe géint Demonstrante géifen asetzen