Panorama
Panorama
Déi franséisch Regierung gëtt no bei der geplangter Pensiounsreform: Beim Pensiounsalter soll de age-pivôt vu 64 Joer provisoresch fale gelooss ginn, dat huet de Premier de Gewerkschafte matgedeelt
Den Iran gëtt zou, den ukrainesche Passagéierfliger e Mëttwoch erofgeschoss ze hunn, 176 Leit waren ëm d'Liewe komm
Bei der Presidentschaftswal an Taiwan ass déi china-kritesch Tsai Ing-Wen vun der Fortschrëttspartei DPP haut mat 57 % vun de Stëmmen zeréckgewielt ginn
UNEL begréisst d'Bezuelung vun obligatoreschen a fakultative Stagen, eng vun hiren Haaptfuerderunge bei der Reform vum Stage-Gesetz wier domat duerchkomm
Bei neie Bombardementer vun de syresche Regierungstruppen an der syrescher Provënz Idlib wieren op d'mannst 18 Zivilisten ëm d'Liewe komm
Christine Majerus gëtt net Championne am Cyclocross, bei den Häre geet den Titel un de Lex Reichling