arrow_back_ios
Kultur
BNL sammelt elo och Websäiten
headphones
8 min
Lauschteren
play_arrow
D'Nationalbibliothéik sammelt an archivéiert neierdéngs och Websäiten. Nom selwechte Prinzip wéi Bicher a soss Dokumenter op Pabeier gëtt den digitale Lëtzebuerger Patrimoine erfaasst, wéi et um neien Internet-Site webarchive.lu heescht. Archivéiert gëtt an Zukunft alles, wat ëffentlech zougänglech ass, also iwwer eng Sichmaschinn wéi Google oder Bing ka fonnt ginn. De Michel Delage huet mam Ben Els vun der BNL geschwat.