Kultur
D'Laura Manelli an déi erweidert Realitéit
8 min
Zanter 1991 iwwerreecht d'Asbl Quattropole, also den Zesummeschloss vun de véier Stied Lëtzebuerg-Metz-Saarbrécken-Tréier, all zwee Joer de Prix d'Art Robert Schuman. Enn 2019 ass de Präis un de Metzer Thibaud Schneider gaangen. D'Aarbechte vun alle 16 nominéierte Kënschtler aus der Groussregioun si bis den 19. Januar an der Villa Vauban an am Cercle Cité ze gesinn. Zum Beispill den interessante Projet vun der Lëtzebuergerin Laura Mannelli, vun där den 10. Januar eng zweet Ausstellung am Neimënster opgeet. Explikatioune vum Kerstin Thalau.