Aktuelles
Lëtzebuerg verfeelt NATO-Virgaben
7 min
Lëtzebuerg verfeelt knapp säin Engagement vis-à-vis vun der NATO, fir d'Militärausgaben bis dëst Joer op 0,6 Prozent vum PIB eropzeschrauwen - ëm 0,2 Prozentpunkten. Dat obwuel d'Depensë fir d'Defense geklomme sinn, bis op 375 Milliounen Euro dëst Joer. An deenen nächste Jore stinn eng ganz Rei Investissementer an d'Infrastruktur un, et ginn Drone kaf an e Cyber-Schéissstand gebaut. Mee et wäert awer schwiereg ginn, dat neit NATO-Zil, vun 0,72 Prozent vum PIB bis 2024 ze erreechen. Dat seet de Verteidegungsminister François Bausch. Detailer mam Michèle Sinner.
Episoden
Groussbritannien steet no 14 Joer virun engem Muechtwiessel
D’Labour-Partei huet d’Parlamentswal mat enger confortabeler absoluter Majoritéit gewonnen
![Ried zur Lag vun der Natioun: Wéi solle Mesurë finanzéiert ginn?](/1_Foto/100komma7.lu/183991/image-thumb__183991__base_thumbnail/Ried%20zur%20Lag%20vun%20der%20Natioun%20Chamber.42985150.jpg)
Ried zur Lag vun der Natioun: Wéi solle Mesurë finanzéiert ginn?
Wou sinn d'Léisunge fir d'Aarmutsbekämpfung? Dat sinn d’Froen déi d’Oppositiounsparteie sech gëschter no der Ried vum Premier Luc Frieden zur Lag vun der Natioun gestallt hunn.
D'Commemoratioune fir den 80. Anniversaire vun de Landungen an der Normandie
Déi brittesch Veteranen erënnere sech.
Prozess-Optakt zu Halle: Den AFD-Chef an Thüringen, de Björn Höcke, steet viru Geriicht
Hien kritt ënner anerem virgehäit, NS-Vocabulaire benotzt ze hunn
![Bassirou Diomaye Faye | © picture alliance/dpa/dpa-Zentralbild | Christina Peters De Senegal steet viru grousse Verännerungen | © picture alliance/dpa/dpa-Zentralbild | Christina Peters](/1_Foto/100komma7.lu/168134/image-thumb__168134__base_thumbnail/Bassirou%20Diomaye%20Faye.6d950a44.jpg)