Kultur
Mésy Faber
62 min
D'Mezzosopranistin Mésy Faber (20.10.1925-2.1.2020), mat hirem richtege Numm Marie-Madeleine Bergamini, war joerzéngtelaang ee feste Begrëff am Lëtzebuerger Theatermilieu, an de Revuen a bei der Lëtzebuerger Operettebühn ënner dem Auguste Donnen. Hei waren d'Soubretterollen hir Spezialitéit. Grousse Succès hat Mésy Faber als Chansonsängerin beim Radio Circus a Frankräich a koum esou 1958 an den Olympia zu Paräis an der Show "Numméro 1 de demain" op déi zweet Plaz, wou si niewend der Caterina Valente opgetruede war. Si war och wärend zwee Joer am Conservatoire de la Chanson zu Paräis ageschriwwen. Enregistrementer mam Orchester Jean Roderes a mam Radio-Orchester hat d'Mésy Faber an de 50er a 60er Jore gemaach, ë. a. "D'Joffer Marie-Madeleine", "Wann d'Blieder falen", "Les enfant du dimanche", fir nëmmen dës ze nennen. Dann ass si och nach mat de Luxembourg Singers opgetrueden. Déi talentéiert Fantasiesängerin Mésy Faber huet 2005 um Mikro vum Carlo Link op hir Gesangskarriär, déi si Mëtt de 60er Joren opginn hat, zeréckgekuckt an dovu gezielt.