Kultur
"Vestiges" an der Cecil's Box
5 min
D'Se-Lyung Moon ass gebierteg Süd-Koreanerin. Viru gutt 15 Joer ass si op Metz geplënnert, wou si sech mëttlerweil als Molerin, Sculptrice an Installatiounskënschtlerin en Numm gemaach huet. Zum Beispill mat der Klanginstallatioun "L'arbre des sirènes" fir déi drëtt Metzer Nuit Blanche 2010. D'Ekipp vum Cercle Cité huet d'Se-Lyung Moon invitéiert, d'Ausstellungsvitirine Cecil's Box, déi an der Stater Paschtoueschgaass ze gesinn ass, ze bespillen. D'Kerstin Thalau huet d'Se-Lyung Moon beim Montage vu "Vestiges" kennegeléiert.