Kultur
Filmindustrie a China
8 min
Dëst Joer sinn zwee Gidderzich tëschent der chinesescher Provënz Sichuan a Beetebuerg zirkuléiert. Déi Streck gehéiert zu der neier Seidestrooss, déi déi chinesesch Regierung geplangt huet. De Realisateur Antoine Prüm huet ee Filmprojet entwéckelt mam Zil, op där neier Seidestrooss een Austausch am Museksberäich ze erméiglechen. Et ass een Nischeprodukt fir d'Filmindustrie, well et sech hei ëm een Documentaire iwwer déi lokal an zäitgenëssesch Musekszeen op där Seidestrooss handelt. De Filmfong huet Froen opgeworf, iwwer d'Machbarkeet vum Documentaire. Fir de Produzent Paul Thiltges ass et zwar een Nischeprodukt, mee de chinesesche Maart ass net nëmmen fir de Giddertransport, mee och fir d'Filmindustrie grouss. Detailer mam Carole Schimmer.