Kultur
Musekaleschen Austausch op der neier Seidestrooss
Dëst Joer sinn zwee Gidderzich tëschent der chinesescher Provënz Sichuan a Beetebuerg zirkuléiert. Déi Streck gehéiert zu der neier Seidestrooss, déi déi chinesesch Regierung geplangt huet. Déi traditionell Seidestrooss, déi zum Deel och duerch den Iran an d'Tierkei geféiert huet, hat ee groussen Afloss op den Handel, mee och op déi kulturell Echangen tëschent China an Europa. De Realisateur Antoine Prüm huet ee Filmprojet entwéckelt mam Zil, op där neier Seidestrooss een Austausch am Museksberäich ze erméiglechen. Detailer mam Carole Schimmer.