Kultur
D'Geschicht vun der afrikanescher Erin Brokovich
Op der Frakfurter Buchmesse war si dëst joer ee vun de Staren, déi kenianesch Ëmweltaktivistin Phyllis Omido. Mat hirem onermiddlechen Asaz huet d'Phyllis Omido dofir gesuergt, datt eng déidlech Recycling-Anlag fir al Batterien zougemaach gouf. Doriwwer huet si zesummen mat der däitscher Journalistin Andrea Hoffmann e Buch geschriwwe mam Titel "Mit der Wut einer Mutter, die Geschichte der afrikanieschen Erin Brokovich". D'Phyllis Omido beschreift am Buch, wéi hire kleng Jong duerch de geschmolte Bläi aus de Batterië vergëft a krank ginn ass. An och wéi vill Aarbechter an Awunner an engem Slum net wäit vun der Anlag ewech krank goufen a gestuerwe sinn. D'Marion Barzen vum SWR war bei d'Phlliy Omido an de Kenia.