Kultur
Den Thomas Elsässer ass gestuerwen
Am Zäitalter vun Neie Medien an der Digitalisatioun vu Produktiouns- a Kommunikatiounsweeër weess jidderee bekanntlech alles an huet zu allem eng Meenung. Wann et ëm Kino geet, souwisou. All Sonndeg gëtt sech op France Inter am "Masque et la plume" gestridden, op dëst oder dat dann elo "du cinéma" wier oder net, mee och Leit wéi de Martin Scorsese mengen ze wëssen, wat Kino a wat kee Kino wier. Um 100,7 gëtt et och selbsternannte Filmspezialisten. An deem nämmlechten Zäitalter gëtt dann awer kee Shitstorm lassgetrueden, wann de Papp vun de Filmwëssenschaften, wéi mer se haut kennen, stierft. Dee Papp - den Historiker, Theoretiker, Kritiker a Chronist Thomas Elsässer ass nämlech iwwerraschend Uffank des Mountsgestuerwen. Detailer, Tom Dockal.