arrow_back_ios
Kultur
Den Historiker an den internationale Stolkartell
Wéinst hirem negativen Impakt op d'fräi Maartwirtschaft si Karteller haut a ville Länner verbueden - ënner anerem an den EU-Memberstaaten. Laang Zäit ware Karteller awer feste Bestanddeel vum wirtschaftleche Liewen an Europa. Am leschte Band vun der Serie "Terres Rouges" huet den Historiker Paul Feltes den internationale Stolkartell méi genee ënner d'Lupp geholl, deen an der Tëschekrichszäit gegrënnt gouf an zu Lëtzebuerg säi Sëtz hat. De Mohamed Hamdi huet sech d'Buch ugekuckt.