Kultur
D'Romika-Gebai zu Tréier verfält
100 Joer Bauhaus goufen lescht Joer gefeiert. Iwwerall goufen déi riicht Gebaier ouni Geschörkels mat de grousse Stolfënsteren, als Ausdrock vun der Bauweis vun der Moderne rafistoléiert. Just an der Regioun Tréier, do verstoppen se dat eenzegt am Bauhaus-Stil gebauten Industriegebai, et mengt een, si géife sech schummen. D'Gebai gehéiert zu der fréierer Schungfabrik Romika, eng Fabrick déi an den 1920er Joren implantéiert gouf a wou an den 1960er iwwer 3.000 Leit geschafft hunn. Hautdesdaags ass Gebai verkomm. Den Heemechtsveräin Gusterath wëllt awer, datt et vun der Gemeng kaf a restauréiert gëtt. Detailer mam Marion Barzen vum SWR.