Panorama
Panorama
11 min
An der Chamber sinn d'Debatten iwwer den Energie- a Klimaplang vun der Regierung amgaang. Der CSV feelt et doran u konkrete Moossnamen
De Mouvement Ecologique fuerdert, datt d'Regierung hir Klimapolitik nach eemol komplett iwwerschafft
No engem 100,7-Reportage iwwer Verstéiss vun der Naturverwaltung géint d'Naturschutzgesetz goufe Sanktioune géint zwee Beamten decidéiert
Den Transportminister François Bausch ass net d'accord mat Aussoe vu Vertrieder aus der Autosbranche gëschter, zu der geplangter Verännerung vun der Autossteier fir nei Gefierer
D'Europaparlament fuerdert, datt méi Drock op China gemaach gëtt, fir der Ënnerdréckung vun der moslemescher Minoritéit vun de Uiguren en Enn ze setzen
De Paräisser Parquet huet eng Enquête Preliminaire géint de Jean-Paul Delevoye opgemaach. De Beoptraagte fir d'Rentereform vun der franséischer Regierung war e Méindeg zeréckgetrueden, no Revelatiounen iwwer eng ganz Rëtsch vun Niewenjobben, déi hien net deklaréiert hat