Kultur
Eng Biographie, déi net hält, wat se versprécht
6 min
Mat senger Roll als Johnny Chicago am Andy Bausch sengem Film "Troublemaker" ass den Thierry van Werveke eng Lëtzebuerger Nationalikon ginn. Och haut - zéng Joer nom Doud vum Schauspiller - lieft de Mythos Thierry van Werveke nach weider. Den Historiker Yves Steichen huet dem lëtzebuergeschen Ausnahmekënschtler eng Biographie gewidmet, déi de Mënsch hanner dem Mythos weise soll. Leider hält d'Buch net dat, wat et versprécht, mee liesenswäert ass et trotzdeem - mengt de Mohamed Hamdi a senger Rezensioun.