Kultur
De Pir Kremer - e Stéck Lëtzebuerg
12 min
Mat der Roll vum Michel an der Emissioun "Um Staminet" ass hie berüümt ginn, als PIK huet hien, wéi keen Zweeten, d'Theaterrevue iwwer 30 Joer mat gepräägt a wier dëst Joer 100 Joer al ginn - rieds geet vum Kréimesch Pir vu Käerch, deen esou gär gepickt huet ouni ze blesséieren. De Pir Kremer ass en Tausendsassa, e Multifunktiounstalent, dat einfach ëmmer eng gëllen Händche gewisen huet, wann et drëms gaangen ass, de Fanger an d'Wonn ze leeën an ëmmer no un der Aktualitéit ze sinn. E Mann, deen eng Generatioun begleet huet an hir säin onverkennbare Stempel opgedréckt huet. Fir säi Gebuertsdag gëtt him net nëmme mat engem Spektakel geduecht, mee och mat engem Ausstellungskatalog, dee fir jiddwereen, de klengen an de grousse Mann, geduecht ass.
De Katalog "Pir Kremer ZesummegePIKtes - Fir dem Auteur säin 100 Gebuertsdag- E Réckbléck op Liewen a Wierk" gëtt et an all Libraire ze kafen, genee esou wéi am Onlineshop vum CNL an am Mierscher Kulturhaus wärend der Dauer vun der Expo.
Eng Presentatioun vum Sascha Dahm.