Panorama
Panorama
12 min
D'Steierreform an de Klimapak stoungen haut am Mëttelpunkt vun den Debatten iwwer de Budget 2020 an der Chamber
D'Vertrieder aus dem Autossecteur kritiséieren déi geplangte Changementer bei der Besteierung vu Firmenautoen, wéi de Minister François Bausch se gëschter ugekënnegt hat
Déifferdenger Buergermeeschtesch steet weiderhin zum geplangte Liichtathletik-Stadion, si stellt sech just Froen iwwer de Site, dee fir de Stadion ugeduecht ass.
An der éischter Hallschent vum nächste Joer soll déi nei Kontrollstatioun vun der SNCT zu Maarnech opgoen. Et gëtt och Pläng fir eng Statioun zu Jonglënster opzemaachen.
De fréieren Escher Buergermeeschter François Schaack ass am Alter vun 92 Joer gestuerwen
D'EU-Parlament fuerdert den direkte Récktrëtt vum maltesesche Regierungschef Joseph Muscat
Dat amerikanescht Representantenhaus stëmmt haut iwwer eng Impeachment-Prozedur of, fir den Donald Trump als President ofzesetzen