Kultur
"Pir Kremer-ZesummegePIKtes"
4 min
De 17. August dëst Joer hätt de Pir Kremer 100 Joer kritt, e Pir Kremer, deen zu Lëtzebuerg Radio- a Kulturgeschicht geschriwwen huet. Fir Generatioune war et sonndes e feste Rendez-vous, de Pir Kremer a säi Staminet, wann hien da wéi kaum en anere säin "R" gerullt huet. D'Mierscher Kulturhaus erënnert un de Pir Kremer mam Bühnespektakel "Um Stamminee. Eng musikalesch-satiresch Revue iwwert 1960er a 1970er Joren zu Lëtzebuerg aus dem Mond vum Pir Kremer!" Mee awer och mat enger Ausstellung am Kulturhaus an Zesummenaarbecht mam CNL, dem Nationale Literatur Zenter an dem CNA, den Centre National d'Audivisuel. De Jean Claude Majerus huet mam Pascal Seil vum CNL geschwat.