arrow_back_ios
Kultur
Filmkritik: Lara vum Jan-Ole Gerster
headphones
5 min
Lauschteren
play_arrow
Zanter elo zwou Woche programméiert den CDAC - d'Associatioun, déi d'Regionalkinoen uechtert Land verbënnt - ganz onofhängeg hir Säll. Dat bréngt elo ganz erfrëschend mat sech, datt zum Beispill Filmer um Programm sinn, déi net an der Stad lafen. Een esou e Film heescht "Lara". Den neie Long-métrage vum Jan-Ole Gerster - mat der Corinna Harfouch an der Haaptroll an ënner anerem dem Änder Jung am Casting. Den Tom Dockal war de Film op Dikrech an de Scala kucken.