Kultur
E Satiriker an Humorist mat Häerz a Witz
9 min
Kee konnt den "R" esou schéi rulle wéi de Pir Kremer, an et war scho fir Generatiounen vu Leit hei zu Lëtzebuerg e festen Rendez-vous um Sonndeg Owend, wann et geheescht huet "Um Staminet". De Pir Kremer, deen 100 Joer kritt hätt, ass e Stéck Lëtzebuerger Geschicht, an hien huet et wéi kaum en anere fäerdeg bruecht mat enger satirescher Konotatioun an engem ganz fäinen an ni blessante Witz d'Akutalitéit ënner d'Lupp ze huelen. De Metteur en scéne Claude Mangen erënnert elo mam Spektkel "Um Staminee - Eng musikalesch-satiresch Revue iwwer 1960er an 1970er Joren zu Lëtzebuerg aus dem Mond vum Pir Kremer" un de Kréimesch Pir. Detailer vum Jean Claude Majerus.