Kultur
Rabonzel an der Casting Show
Märercher hate soss hir fest Plaz an der Chrëschtzäit, eng Traditioun déi awer verluer gaangen ass. Am Dezember hunn d'Stater Theateren dës Tradtioun mam "Rumpelstilzchen" an enger Mise en scène vun der Myriam Muller op Basis vun Ian De Tofoli sengem Text nees reaniméiert. An och dëst Joer gëtt et e Märchen am Groussen Theater um Rond Point Schumann. Dëst Joer geet et an d'Welt vum "Rabonzel". De Jeff Schinker huet Grimm-Märche "Rabonzel" nei adaptéiert, an et der Zäit ugepasst. De Regisseur Charel Muller bréngt et op d'Bühn. Detailer mam Jean Claude Majerus.