arrow_back_ios
Kultur
Een archäologeschen Tour duerch Lëtzebuerg
De Centre National de Recherche Archéologique - kuerz CNRA - gouf 2011 per Règlement Grand-Ducal an d'Liewe geruff fir den archäologesche Partimoine vu Lëtzebuerg ze erfuerschen an ze schützen. Zënter läschtem Joer bréngt den CNRA kuerz Hefter ënnert dem Titel "Livret du Patrimoine" eraus fir seng Aarbecht engem breedere Public bekannt ze maachen. De Mohamed Hamdi huet sech déi zwou rezent Publikatiounen ugekuckt.