arrow_back_ios
Album vun der Woch
COMA - Voyage Voyage
Wann et besënnlech gëtt, dann dierf et u gudder Musek net feelen. All deenen, déi dem Erop a Erof vu "Last Christmas" entkommen an trotzdeem iwwer d'Feierdeeg ofschalte wëllen, deene sief den Album "Voyage Voyage" vu COMA un d'Häerz geluecht. Um Programm vum Kölner Duo steet e lëftegen Trip duerch d'Landschafte vum Indie-Electro a méi Club-orientéiertem Pop, dee weder ze seicht nach ze kapplaaschteg ass, mengt d'Vicky Stoll.
Musek
Episoden
Et bleift alles anescht
Ka Popmusek eng Zort Trauerbewältegung sinn? Jo, mengt de britteschen Trio Pale Blue Eyes op sengem neien Album "This House“.
![Méi wéi Léift](/1_Foto/100komma7.lu/48623/image-thumb__48623__base_thumbnail/M%C3%A9i%20w%C3%A9i%20L%C3%A9ift.2847266a.jpg)