Panorama
Panorama
Méi ee gerechte Steiersystem, dat war d'Fuerderung vun der neier OGBL-Presidentin Nora Back, de Mueren an hirer éischter Grondsazried.
D'Associatioune vun de Police-Kaderen an den Arméisoffizéier wëlle méiglecherweis aus der CGFP austrieden.
Déi däitsch SPD wëllt sech vum Hartz 4 léisen an huet op hirem Parteidag zu Berlin e Konzept fir en neie Sozialstaat ugeholl.
Dänemark wëllt bis 2050 klimaneutral sinn a wäert am neie Joer en deementspriechend Gesetz verabschiden.
D'USA an déi militant-islamesch Taliban huelen hir Friddensgespréicher nees op.