arrow_back_ios
Kultur
Dem Nikos Zompolas seng Vue vu Lëtzebuerg
Zanter 13 Joer lieft den Nikos Zompolas mat senger Famill zu Lëtzebuerg. Nieft sengem Alldagsjob hëllt hien sech vill Zäit fir d'Fotografie. Dës Passioun begleet hien zanter senger Jugend. Mëttlerweil huet hie seng Klischeeën zu Berlin, an Irland, an Australien, ma och zu Lëtzebuerg, zum Beispill um "Street Photography Festival" an de Rotonden, gewisen. De 6. Dezember stellt hie säin neit Fotobuch "Luxembourg Volume ll" an der Nationalbibliothéik um Kierchbierg vir. D'Kerstin Thalau ass méi gewuer ginn.