arrow_back_ios
Kultur
"Daba", Album vun der marrokkanescher Sängerin Oum
Mir kucke schonns e bëssi no vir op de Programm an der Philharmonie vum nächste Joer: do trëtt de 26. Februar déi marokkanesch Sängerin Oum mat hirem Quartett op, dëst am Sall 'musique de chambre'. An hirer Musek vereent si d'Traditiounen aus dem Maghreb mat Aflëss aus dem westleche Kulturkreess, an der Haaptsaach Jazz a Pop. Dat ass och op dem Oum hirem aktuellen Album 'Daba' ze héieren, an deen de Fred Medernach bis eragelauschtert huet.