Panorama
Panorama
Ëmmer méi Leit op humanitär Hëllef ugewisen, Klimawandel wier ee vun de Grënn, sou UNO
Global CO2 Emissioune géifen dëst Joer weider klammen (0,6%), mee manner séier wéi d'Joer virdrun (2.1%), ënner anerem well manner Kuel verbraucht gi wier, sou eng nei Etüd vu Klimaexperten
Energieminister Claude Turmes gouf weider Erklärungen zum geplangten Daten-Zenter vu Google zu Biissen, fir präzis Chiffere beim Waasser- an Energieverbrauch misst een op d'Etüd iwwert den Ëmwelt-Impakt waarden
Beweiser fir Donald Trump wéinst Amt-Mëssbrauch ofzesetze wieren evident, sou d'Demokrate vum Representantenhaus am Impeachment-Rapport vun der Geheimdéngscht-Kommissioun
Amerikanescht Representantenhaus huet Gesetz ugeholl fir déi moslemesch Minoritéit vun den Uiguren am Nordweste vu China ze ënnerstëtzen
Grënner vu Google, Larry Page a Sergey Brin verloosse Chef-Poste beim Mammekonzern Alphabet
Britteschen Turner Präis fir modern Konscht geet fir d'éischte Kéier un all déi véier Kënschtler, déi nominéiert waren