Kultur
Den Theater Tréier erkritt sech
Den Theater Tréier huet schwéier Zäiten hannert sech. Den Theater um Augustinerhaff gouf virun 200 Joer gegrënnt, mä 2013 war et bal d'Enn. Aus dem Dräi-Sparten-Theater sollt nach e rengen Théâtre-d'Acceuil ginn. Mat Tréierer Leit hu sech dogéint gewiert, eng Petitioun gouf lancéiert mat déier den Theater gerett gouf an et blouf en Haus fir Theater, Musek an Danz. Kaum war déi Kris eriwwer koum déi nächst, an alt nees goung et ëm d'Existenz vum Theater. Den éisträicheschen Intendant Karl Sibelius huet mat sengen skurrilen Inszénéierungen de Publique verdriwwen an den Theater finanziell bal ruinéiert. Déi grouss Hoffnung louch dunn op de Schëlleren vum neien Intendant Manfred Langner. An et geet biergop, den Theater Tréier rullt nees, wéi d'SWR-Journalistin Marion Barzen sech iwwerzeege konnt.