Panorama
Panorama
De Syndikat vun der Force Publique fuerdert de Récktrëtt vum Chef d'état Major vun der Arméi, Alain Duschène, de Syndikat gehäit him fir, seng Muecht mëssbraucht ze hunn
Lëtzebuerg wäert definitiv keng komplett nei Verfassung kréien, dat aktuellt Grondgesetz soll a Phase reforméiert ginn, ee grousse Verfassungs-Referendum wäert et kee ginn
Op Malta gouf et weider Demissioune vun héije politesche Responsabelen an Zesummenhang mam Mord vun der Journalistin Daphne Caruana Galizia
Ursula von der Leyen kann sech eng Majoritéit erwaarde beim Vott haut am EU Parlament iwwert déi nei EU Kommissioun
Bilan vun Affer beim Äerdbiewen an Albanien op 23 Doudeger geklommen
Real Madrid a Paris St Germain spillen 2-2 gläich an der Gruppephas vun der Futtball Champions League