Musek am Gespréich
Den Orchestre de Chambre du Luxembourg am Joer 2019
1974 ass den Orchester mam Numm "Les jeunes musiciens" gegrënnt ginn. 2019, 45 Joer méi spéit, nennt e sech "Orchestre de Chambre du Luxembourg". No villen Héichten an Déiften ass den OCL am gaangen, sech nei ze restrukturéieren. D'artistesch Direktioun gëtt am Ablack vun enger Partie Memberen assuréiert, während déi administrativ Aufgabe bei der Corinne Rosé an dem Antonio Quarta leien. Et ass déi zweet Saison, datt den Orchester exklusiv mat Gaaschtdirigente schafft a sech Zäit hëlt, fir den adequate Chefdirigent ze fannen. Den OCL ass also an enger Transitiounsphase, mee kuckt ganz zouversiichtlech an d'Zukunft. De Manuel Ribeiro mat enger Bestandsopnam