Kultur
"Les misérables" vum Ladj Ly
E vun de neie Filmer déi an eise Kinoen lafen ass "Les misérables" vum franséischen Réalisateur Ladj Ly. E Film deen de Spectateure mat op Monfermeil, enger Stat um Bord vu Paräis hëlt. Eng Plaz déi aus dem Victor Hugo sengem Roman "Les misérables" hir kennt, et war do wou d'Auberge vun den Ténardier war. An et erlieft een een Dag an der Stad wou et ugeet mat engem grousse Freedefeier mat Fussballssupporteren dee de Weltmeeschtertitel feieren, Mä no där Freed kënnt awer alles anescht wéi Freed. Et kënnt zu Evenementer an der Stat déi awer am Fong eppes gréisseren annoncéieren. An da léiert een am Laf vun der Geschicht déi eenzel Personnagen kennen: Déi Jonk oder 3 Polizisten, déi hire Pouvoir zolitte aus notzen, je et ass e explosive Mélange. D'Martine Reuter an de Michel Delage hunn and er Emissioun Grousse Kino iwwert dem Ladj Ly säi Film geschwat.